Wee si mir ?

De Berodungszenter


steet jidderengem, onofhängeg vu senger Relioun oder Weltusiicht, offen. E wennt sech u Mënschen, déi Problemer hunn, ënner anerem:

· mat sech selwer: eegene Méiglechkeeten a Grenzen, Selbstwäertgefill, Sexualitéit, ...,

· mat Aneren: Famill, Partner, Kanner, Kollegen, Virgesetzten, Frënn, ...,

· a gewësse Liewenssituatiounen: Trennung, Scheedung, Trauer, Aarbechtslosegkeet, Krankheet, Pensionéierung, Einsamkeet, Gewalt, ... .


Ons Équipe


besteet aus enger Sekretärin souwéi verschidde Psychologen, déi all zousätzlech psycho-therapeutesch ausgebilt sinn.

Theoretesch a methodesch Usätz

Verschidden Usätz: Gespréichspsychotherapie, Verhalenstherapie, Familljentherapie, …


Wéi mir psychologesch Berodung verstinn


Mir verstinn eis als Partner, déi gemeinsam mat Iech Léisunge fir géigewäerteg Konflikter a Problemer eraarbechten.

Mir respektéieren är Eegestännegkeet a gesinn eis als Begleeder a schwierege Liewenssituatiounen.


Wat mir ubidden


· Eenzel Gespréicher,

· Koppel Gespréicher,

· Famillje Gespréicher.


Sproochen


Gespréicher si méiglech op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch, Englesch oder Portugisesch.


Wat mir net ubidden


· Schoulesch Orientéierung,

· Berufflech Orientéierung,

· Juristesch Berodung,

· Medezinesch Berodung.

Mir leeden Iech gär un zoustänneg Stelle weider.


Wat eis besonnesch wichteg ass


All eis Mataarbechter sinn un de Secret professionnel gebonnen.


Wéi Dir eis erreecht


Mir bieden Iech, Iech perséinlech fir en éischt Gespréich unzemellen, am beschten telefonesch. Terminer fir éischt Gespréicher ginn no der Reiefolleg vun den Umeldungen verginn ënner Berécksiichtegung vun den zäitleche Méiglechkeeten.

Mënschen an akute Krisesituatioune kréien no Méiglechkeet direkt innerhalb vun de folgenden Deeg en Termin.

Ob Wonsch kënnt Dir och perséinlech mat engem vun eise Psychologen um Telefon schwätzen a mat him déi weider Virgoensweis beschléissen.


Berodungszäiten


Méindeg bis Freideg vun 9 bis 18 Auer.

No Ofsprooch sinn och aner Zäite méiglech.


Käschten


Käschte Bedeelegung (1% vum Netto Verdéngscht pro Sëtzung).


Informatioun an Umeldung


Méindes bis Freideg vun 8 Auer 30 bis 12 Auer.

Kontaktéiert eis