Haus 89 - Liewens-Partner-Famillje Berodung A.s.b.l.
De Berodungszenter steet jidderengem, onofhängeg vu senger Relioun oder Weltusiicht, offen. E wennt sech u Mënschen, déi Problemer hunn, ënner anerem: mat sech selwer: eegene Méiglechkeeten a Grenzen, Selbstwäertgefill, Sexualitéit, ..., mat Aneren: Famill, Partner, Kanner, Kollegen, Virgesetzten, Frënn, ..., a gewësse Liewenssituatiounen: Trennung, Scheedung, Trauer, Aarbechtslosegkeet, Krankheet, Pensionéierung, Einsamkeet, Gewalt, ... . Ons Équipe besteet aus enger Sekretärin...